Pilze sinn an eiser Ëmwelt vill méi present, wéi déi meescht Leit mengen. Beim Wuert Pilz, denken déi Meescht warscheinlech un de Steepilz oder un de Wisechampignon. Mee d’Welt vun de Pilzen huet awer vill méi ze bidden, wéi just déi puer bekannt Aarten.


Pilze gehéiere weder zu de Planzen, nach zu den Déieren. Si bilden en eegent grousst Räich. Haut si weltwäit ongeféier 150.000 Pilzaarte bekannt. Et gëtt awer geschat, datt et iwwer 5 Millioune verschidden Aarten am Pilzräich gëtt. Bei deenen Zuelen ass et dann och net verwonnerlech, datt Pilzen eis esou oft onbemierkt am Alldag begleeden. 


Hei just e puer Beispiller, wou Pilzen am Alldag ze fanne sinn:


  • ⦁ Schimmelpilz fir Kéis hierzestellen
  • ⦁ Hief fir ze baken oder Béier ze brauen
  •  Bei der Hierstellung vun Antibiotika
  • ⦁ Bei der Zersetzung vun doudegem organeschem Material
  • ⦁ Als Quell fir verschidde chemesch Verbindungen an der Industrie

Dat, wat déi meescht Leit als Pilz bezeechnen, ass eigentlech just e klengen Deel dovun, nämlech de Fruuchtkierper. Den eigentleche Pilz besteet aus engem Geflecht aus dënne Fiedem, Myzelium genannt, an ass am Buedem oder an deem Substrat ze fannen, dat de Pilz als Nahrungsquell benotzt. Well Pilze kee Chlorophyll hunn, kënnen si och keng Photosynthese bedreiwen. Si mussen sech also änlech wéi d’Déieren, vu Material ernären, dat aner Liewewiese virgefäerdegt hunn.


Pilze kann een an dräi grouss Gruppen andeelen:


 Saprobionten zersetzen doudegt organescht Material

 Parasite befale lieweg Organismen

 Symbionte ginn eng Liewensgemeinschaft mat Planzen an 



Saprobionten


Saprobionten erfëllen eng ganz wichteg Roll an der Natur. Si zersetzen doudegt organescht Material wéi Holz, Blieder oder och Déieren. Ouni si géif de Bësch u sengem eegenen Offall erstécken. Saprobionte suerge mat hirem Recycling fir Uerdnung a räicheren esou de Buedem erëm mat Mineralstoffer un. Planze kënnen dës Mineralstoffer, déi si fir hire Wuesstem brauchen, dann erëm ophuelen.


Zu de Saprobionten zielen zum Beispill:


 de Wisechampignon (Agaricus campestris)

 de Parasol (Macrolepiota procera)

 de Schopftintling (Coprinus comatus)



Parasiten


Pilzen, déi sech parasitesch ernären, entzéien engem anere Liewewiesen Närstoffer, ouni datt si dofir eng Géigeleeschtung erbréngen. Dat kann eng Planz oder en Déier, inklusiv dem Mënsch sinn. De Wiert gëtt doduerch geschiedegt a kann esou guer un de Folgen dovu stierwen. Eng Rei vun de Parasite kann och nom Doud vum Wiert nach weiderliewen. Dofir stellt de Pilz seng Ernährung ëm a gëtt zum Saprobiont. D’Grenz tëschent de Parasiten an de Saprobionten ass oft net kloer auszemaachen.


Zu de Parasiten zielen zum Beispill:


 den Hallimasch (Armillaria ostoyae)

 de Schwefelporling (Laetiporus sulphureus)

 den Zunderschwamm (Fomes fomentarius)

 

Symbionten


Symbionte gi mat Beem oder Sträich eng Liewensgemeinschaft an, vun der béid Säite profitéieren. D’Myzelium vum Pilz wiisst dobäi ëm d’Wuerzele vun der Planz (Ektomykorrhiza), oder dréngt esou guer zum Deel an d’Wuerzele vun der Planz an (Endomykorrhiza). Esou kënnen de Pilz an d’Planz Närstoffer austauschen. De Pilz gëtt Mineralstoffer a Waasser un d’Planz of. Als Géigeleeschtung kritt de Pilz vun der Planz duerch Photosynthese hiergestallten Närstoffer.


Zu de Symbionten zielen zum Beispill:

    

 de Steepilz (Boletus edulis)

 de Fliegenpilz (Amanita muscaria)

 de Maronenröhrling (Imleria badia) 


Ouni Pilze wier eis Ëmwelt, wéi mer se haut kennen, also net méiglech. Dofir sinn all Pilzaarten zu Lëtzebuerg duerch e Règlement grand-ducal vum 8. Januar 2010 geschützt.