A Lëtzebuerg si sämtlech Pilzaarten duerch e Règlement grand-ducal vum 8 Januar 2010 geschützt. Et dierfe pro Dag nëmmen 3 Fruuchtkierper pro Art a pro Persoun fir Studienzwecker gesammelt ginn. Ausname sinn déi iessbar Pilzaarten, déi op dëser Säit opgelëscht sinn. Hei däerf 1 kg pro Persoun a pro Dag gesammelt ginn. Bei Gruppe mat méi wéi 3 Persounen, ass déi maximal Quantitéit, déi ee pro Dag sammelen däerf, op 3 kg begrenzt. An Naturschutzgebidder ass et ganz verbueden, fir Pilzen ze sammelen. Wann et sech ëm e Privatgrondstéck handelt, brauch een d’Erlabnis vum Besëtzer.

Wann der onbekannt Aarte fir ze bestëmme mathuelt, begrenzt iech dobäi op jeeweils 3 Fruuchtkierper pro Aart. Huelt net ze vill verschidden Aarte mat, soss verléiert der séier den Iwwerbléck. Optimal si Fruuchtkierper déi weder ze jonk, nach ze al sinn. Just esou sinn déi aarttypesch Mierkmoler gutt ausgebilt a fir eng Bestëmmung gëeegent.

Huelt de Fruuchtkierper am ganzen aus dem Buedem. Schneit en net mat engem Messer of, sondern dréint e virsiichteg eraus. Just e komplette Fruuchtkierper huet sämtlech Bestëmmungsmierkmoler. Et ass wichteg, datt dat Lach, dat dobäi entsteet, erëm mat Buedem oder Blieder zougemaach gëtt. Doduerch bleift d’Myzelium virun der UV-Stralung an dem Ausdréchne geschützt. Eréischt wann der Iech sécher sidd, ëm wat fir eng Aart datt et sech handelt, kënnt der d’Fruuchtkierper och mam Messer ofschneiden.

Loosst déi Aarten, déi Iech net interesséieren, stoen. Maacht se net futti, och wann der der Meenung sidd, datt se gëfteg wieren. All Pilz huet eng wichteg Roll an der Natur. Si zersetzen Holz, stellen de Planzen Närstoffer zur Verfügung a sinn eng wichteg Fudderquell fir ganz vill Déieren. Net alles wat fir de Mënsch gëfteg ass, ass och fir d’Déieren am Bësch gëfteg. Erfreet Iech un der Schéinheet vun de Pilzen.

Beim Sammele gehéiere Pilzen net an eng Plastikstut. Pilze sinn immens schnell verdierflech Liewensmëttel. Doduerch, datt an enger Plastikstut keng frësch Loft drukënnt, zersetzt sech d’Eewäiss an de Pilzen, wouduerch een eng sougenannten „onecht Pilzvergëftung“ riskéiert. Benotzt e Kuerf, deen uewen op pass, esou datt d’Loft zirkuléiere kann.

Huelt keng Pilze mat, déi direkt niewen enger Strooss wuessen. Jee no Aart, räichere Pilze Schwéiermetaller relativ staark un a kënnen doduerch gesondheetsschiedlech ginn. Och laangscht de Weeër, wou vill Leit mat hiren Hënn spadséiere ginn, ass et aus offensichtleche Grënn, net ze empfeelen, fir Pilzen ze sammelen.

Wann der Pilzen, déi der sécher op der Plaz bestëmmt hutt, fir z’iesse mathuelt, botzt se schonn am Bësch vir, éier der se an äre Kuerf leet. Blieder a Buedem hunn näischt am Kuerf verluer.   



Pilzaarten, déi een zu den uewe genannte Bedingunge sammelen däerf: 


Agaricus arvensis - Schafchampignon

Agaricus augustus - Riesenchampignon

Agaricus campestris - Wiesenchampignon

Agaricus silvaticus - Kleiner Waldchampignon

Agaricus silvicola - Dünnfleischiger Anischampignon

Amanita rubescens - Perlpilz

Armillaria mellea - Honiggelber Hallimasch

Armillaria ostoyae - Dunkler Hallimasch

Boletus aereus - Schwarzhütiger Steinpilz

Boletus edulis - Fichtensteinpilz

Boletus reticulatus - Sommer-Steinpilz

Calocybe gambosa - Maipilz

Calvatia gigantea - Riesenbovist

Cantharellus cibarius - Pfifferling

Cantharellus tubaeformis - Trompetenpfifferling

Chlorophyllum rhacodes - Gemeiner Safranschirmling

Clitopilus prunulus - Mehlräsling

Coprinus comatus - Schopftintling

Craterellus cornucopioides - Totentrompete

Fistulina hepatica - Leberreischling

Flammulina velutipes - Samtfußrübling

Hydnum repandum - Semmelstoppelpilz

Hydnum rufescens - Rotgelber Semmelstoppelpilz

Hygrophorus pustulatus - Schwarzpunktierter Schneckling

Hypholoma capnoides - Rauchblättriger Schwefelkopf

Imleria badia - Maronenröhrling

Infundibulicybe geotropa - Mönchskopf

Kuehneromyces mutabilis - Stockschwämmchen

Laccaria amethystina - Violetter Lacktrichterling

Laccaria laccata - Rötlicher Lacktrichterling

Lactarius deterrimus - Fichtenreizker

Laetiporus sulphureus - Schwefelporling

Leccinellum pseudoscabrum - Hainbuchen-Rauhfuß

Leccinum aurantiacum - Espen-Rotkappe

Leccinum scabrum - Gemeiner Birkenpilz

Lepista nuda - Violetter Rötelritterling

Lepista personata - Lilastieliger Rötelritterling

Lycoperdon perlatum - Flaschenstäubling

Macrolepiota procera - Parasolpilz

Marasmius oreades - Nelkenschwindling

Morchella elata - Spitzmorchel

Morchella esculenta - Speisemorchel

Pleurotus ostreatus - Austernseitling

Psathyrella candolleana - Behangener Faserling

Rhodocollybia butyracea - Butterrübling

Russula cyanoxantha - Frauentäubling

Russula vesca - Speisetäubling

Russula virescens - Grüngefelderter Täubling

Sparassis crispa - Krause Glucke

Strobilurus esculentus - Fichtenzapfenrübling

Suillus grevillei - Goldröhrling

Tuber aestivum - Sommertrüffel

Tuber mesentericum - Schwarzer Herbsttrüffel

Xerocomellus chrysenteron - Gemeiner Rotfußröhrling 

Xerocomus subtomentosus - Ziegenlippe