Fir e Pilz richteg ze bestëmmen, muss de Fruuchtkierper all seng Mierkmoler hunn. Dofir ass et wichteg, datt de Fruuchtkierper komplett, a weder ze jonk, nach ze al ass. E Pilz ass ëmmer d’Somme vu senge Mierkmoler. 



Wichteg Mierkmoler fir eng Bestëmmung sinn:


⦁ den Hutt (Faarw, Form, de Rand an d’Uewerfläch)

⦁ d’Fruuchtschicht (Hymenium) ënnert dem Hutt (Lamellen, Leisten, Röhren, Poren, Stachelen) D’Faarw, d’Form, a wéi se um Still ugewuess ass, spillen hei eng wichteg Roll

⦁ de Still (Faarw, Form, Rank, Knoll, Uewerfläch, Fleesch)

⦁ d’Fleesch (Faarw, nodréiglech Verfierwungen, Geschmaach, Konsistenz, eventuell Mëllech déi austrëtt)

⦁ d’Faarw vum Sporepolver

⦁ de Geroch

⦁ d’Substrat

⦁ d’Ëmgéigend wou de Pilz gewuess ass (Méiglech Symbiosepartner (Beem & Hecken), Beschafenheet vum Buedem)

⦁ d’Aart a Weis wéi e Pilz gewuess ass (eenzel, an enger Grupp, büscheleg, am Hexerank)

⦁ d’Joereszäit, zu der de Pilz gewuess ass


Mat Hëllef vun engem Mikroskop a verschidde Chemikalien, kann een de Pilz am Zweifelsfall nach méi genau bestëmmen. Sämtlech Mierkmoler vum Pilz kann een dann an engem gudde Bestëmmungsbuch nosichen a vergläichen. Beispiller vu Pilzen ënnert dem Mikroskop, fannt dir hei.


Fir en éischten Abléck ze kréien, ass et vu Virdeel wann een un enger Pilzwanderung oder un engem Cours deelhëllt, éier ee fir sech eleng sammele geet. Weider Informatiounen dozou fannt dir ënnert dësem Link.


Eng Bestëmmung per E-Mail ass awer ebenfalls méiglech, virausgesat, datt e puer Bedingungen agehal ginn. Fir e Pilz anhand vun e puer Fotoen ze bestëmmen, brauche mer folgend Informatiounen:


 eng Foto vun uewen vum Hutt

 eng Foto vun ënnen vun der Fruchtschicht- eng Foto vum Still

 eng Foto vun engem Schnëttbild. Dofir muss de komplette Pilz der Längt no duerchgeschnidde ginn.

 méiglech Symbiosepartner: Wéi eng Beem oder Hecke wuessen an der Géigend?

 d’Substrat: Wourop wiisst de Pilz?

 de Geroch

⦁ eventuell Verfierwungen déi nom Schneiden entstinn

 d’Faarw vun der Mëllech déi eventuell aus dem Pilz austrëtt


De Pilz däerf op kee Fall ofgeschnidde ginn, sondern muss komplett mam ganze Still aus dem Buedem geholl ginn, soss feele wichteg Bestëmmungsmierkmoler. D’Fotoen musse bei Dagesluucht gemaach ginn. Kënstlech Beliichtung verfälscht d’Faarwen. Eng gutt Opléisung a schaarf Fotoen sinn e Muss.


Déi Fotoen mat den uewen opgezielten Informatiounen kënnt der op pilzberodung@grm.lu schécken. Doduerch, datt mer de Pilz net perséinlech ënnersiche kënnen, kënne mer per E-Mail natierlech keng Iessensfräigab ginn.

Pilzbestëmmung online

Bëstemmungsschlësselen

Inocybe Clé Macro (FR)