Iesst nëmme Pilzen, bei deenen der Iech zu 100% sécher sidd. Vill iessbar Pilzen hunn en gëftegen Doppelgänger an en Iertum kann déidlech sinn. Pilze verdierwen immens séier, dofir ass et wichteg, datt een se nëmme mathëlt, wann se nach frësch sinn. Pléckt nëmmen esou vill Pilzen, wéi dir direkt verschaffe kënnt. Pilzen, déi vun Insekten oder Schimmelpilze befall sinn, gehéieren net op den Teller. Dat selwecht zielt fir Pilzen, déi schonn am gaange sinn, sech ze zersetzen.


Doduerch, datt der är Pilzen schonn am Bësch vum Buedem a vu Blieder befreit hutt, ass et méi einfach, fir se doheem ze botzen. Dréche Pilzen kann ee mat enger klenger Biischt propper maachen. Am allgemenge solle Pilzen net gewäsch ginn, well si sech séier mat Waasser vollsaugen. Mussen se trotzdeem gewäsch ginn, soll een se héchstens kuerz ënner fléissendem Waasser ofspullen.


Bei verschidden Aarte sollt een d’Hutthaut ofzéien, well déi zu Verdauungsproblemer féiere kéint. Dat sinn Aarte wéi z.B. de Goldröhrling (Suillus grevillei), de Perlpilz (Amanita rubescens) a Champignonaarten (Agaricus). Bei de Röhrlinge sollt een d’Röhren ewechschneiden, wann se sech mëll ufillen.


Déi meescht iessbar Pilzaarte sinn a réiem Zoustand gëfteg. Dofir ass et wichteg, datt der är Pilzmoolzecht laang genuch kacht. Pilze sinn am allgemenge schwéier verdaulech. Iwwerfuerdert äre Mo also net doduerch, datt der eng zou grouss Moolzecht iesst, oder ze heefeg hannertenee Pilzen op ärem Teller landen.


Wann der op dës Rotschléi Uecht gitt, steet dem Genoss vu selwer gesammelte Pilzen näischt méi am Wee.