Info

De Groupe de Recherche Mycologique ass en Aarbechtsgrupp vun der Société des naturalistes luxembourgeois, déi 1890 gegrënnt gouf. Säit 1983 vereent de GRM déi Leit, déi sech fir d'Mykologie interesséieren. D'Aufgabe vum GRM si folgend:

⦁ Studéiere vu Pilzen, déi zu Lëtzebuerg fonnt gi sinn.

⦁ Beobachtungen an eng Datebank androen.

⦁ Konservéiere vu Pilzen an enger Pilzsammlung.

⦁ Mykologesch Berichter verëffentlechen.

D'Membere vum GRM organiséieren Ausstellungen, Course, Pilzwanderungen a Bestëmmungsseancen. Si ginn Erklärungen zu der Iessbarkeet vu Pilzen a setzen sech dofir an, datt déi mykologesch Biotoper zu Lëtzebuerg erhale bleiwen. De GRM besteet aktuell aus ca. 12 aktive Memberen, déi sech reegelméisseg am Haus vun der Natur op der Kockelscheier treffen.

Dëse Site ass am März 2021 vum Mike Clemens, Member vum GRM, erstallt ginn, a gëtt reegelméisseg vun him aktualiséiert.

De gesamten Inhalt vum Site ass Eegentum vum GRM an ënnerläit dem Copyright.