A Lëtzebuerg si sämtlech Pilzaarten duerch e Règlement
grand-ducal vum 8 Januar 2010 geschützt. Et dierfe pro Dag nëmmen 3
Fruuchtkierper pro Art a pro Persoun fir Studienzwecker gesammelt ginn. Ausname
sinn déi iessbar Pilzaarten, déi op dëser Säit opgelëscht sinn. Hei däerf 1 kg
pro Persoun a pro Dag gesammelt ginn. Bei Gruppe mat méi wéi 3 Persounen, ass
déi maximal Quantitéit, déi ee pro Dag sammelen däerf, op 3 kg begrenzt. An
Naturschutzgebidder ass et ganz verbueden, fir Pilzen ze sammelen. Wann et sech
ëm e Privatgrondstéck handelt, brauch een d’Erlabnis vum Besëtzer.
Wann der onbekannt Aarte fir ze bestëmme mathuelt,
begrenzt iech dobäi op jeeweils 3 Fruuchtkierper pro Aart. Huelt net ze vill
verschidden Aarte mat, soss verléiert der séier den Iwwerbléck. Optimal si
Fruuchtkierper déi weder ze jonk, nach ze al sinn. Just esou sinn déi
aarttypesch Mierkmoler gutt ausgebilt a fir eng Bestëmmung gëeegent.
Huelt de Fruuchtkierper am ganzen aus dem Buedem.
Schneit en net mat engem Messer of, sondern dréint e virsiichteg eraus. Just e
komplette Fruuchtkierper huet sämtlech Bestëmmungsmierkmoler. Et ass wichteg,
datt dat Lach, dat dobäi entsteet, erëm mat Buedem oder Blieder zougemaach
gëtt. Doduerch bleift d’Myzelium virun der UV-Stralung an dem Ausdréchne geschützt.
Eréischt wann der Iech sécher sidd, ëm wat fir eng Aart datt et sech
handelt, kënnt der d’Fruuchtkierper och mam Messer ofschneiden.
Loosst déi Aarten, déi Iech net interesséieren, stoen.
Maacht se net futti, och wann der der Meenung sidd, datt se gëfteg wieren. All
Pilz huet eng wichteg Roll an der Natur. Si zersetzen Holz, stellen de Planzen
Närstoffer zur Verfügung a sinn eng wichteg Fudderquell fir ganz vill Déieren.
Net alles wat fir de Mënsch gëfteg ass, ass och fir d’Déieren am Bësch gëfteg.
Erfreet Iech un der Schéinheet vun de Pilzen.
Beim Sammele gehéiere Pilzen net an eng Plastikstut.
Pilze sinn immens schnell verdierflech Liewensmëttel. Doduerch, datt an enger
Plastikstut keng frësch Loft drukënnt, zersetzt sech d’Eewäiss an de Pilzen,
wouduerch een eng sougenannten „onecht Pilzvergëftung“ riskéiert. Benotzt e
Kuerf, deen uewen op pass, esou datt d’Loft zirkuléiere kann.
Huelt keng Pilze mat, déi direkt niewen enger Strooss
wuessen. Jee no Aart, räichere Pilze Schwéiermetaller relativ staark un a
kënnen doduerch gesondheetsschiedlech ginn. Och laangscht de Weeër, wou vill
Leit mat hiren Hënn spadséiere ginn, ass et aus offensichtleche Grënn, net ze
empfeelen, fir Pilzen ze sammelen.
Wann der Pilzen, déi der sécher op der Plaz bestëmmt hutt, fir z’iesse mathuelt, botzt se schonn am Bësch vir, éier der se an äre Kuerf leet. Blieder a Buedem hunn näischt am Kuerf verluer.
Pilzaarten, déi een zu den uewe genannte Bedingunge sammelen däerf:
Agaricus arvensis - Schafchampignon
Agaricus augustus - Riesenchampignon
Agaricus campestris - Wiesenchampignon
Agaricus silvaticus - Kleiner Waldchampignon
Agaricus silvicola - Dünnfleischiger Anischampignon
Amanita rubescens - Perlpilz
Armillaria mellea - Honiggelber Hallimasch
Armillaria ostoyae - Dunkler Hallimasch
Boletus aereus - Schwarzhütiger Steinpilz
Boletus edulis - Fichtensteinpilz
Boletus reticulatus - Sommer-Steinpilz
Calocybe gambosa - Maipilz
Calvatia gigantea - Riesenbovist
Cantharellus cibarius - Pfifferling
Cantharellus tubaeformis - Trompetenpfifferling
Chlorophyllum rhacodes - Gemeiner Safranschirmling
Clitopilus prunulus - Mehlräsling
Coprinus comatus - Schopftintling
Craterellus cornucopioides - Totentrompete
Fistulina hepatica - Leberreischling
Flammulina velutipes - Samtfußrübling
Hydnum repandum - Semmelstoppelpilz
Hydnum rufescens - Rotgelber Semmelstoppelpilz
Hygrophorus pustulatus - Schwarzpunktierter Schneckling
Hypholoma capnoides - Rauchblättriger Schwefelkopf
Imleria badia - Maronenröhrling
Infundibulicybe geotropa - Mönchskopf
Kuehneromyces mutabilis - Stockschwämmchen
Laccaria amethystina - Violetter Lacktrichterling
Laccaria laccata - Rötlicher Lacktrichterling
Lactarius deterrimus - Fichtenreizker
Laetiporus sulphureus - Schwefelporling
Leccinellum pseudoscabrum - Hainbuchen-Rauhfuß
Leccinum aurantiacum - Espen-Rotkappe
Leccinum scabrum - Gemeiner Birkenpilz
Lepista nuda - Violetter Rötelritterling
Lepista personata - Lilastieliger Rötelritterling
Lycoperdon perlatum - Flaschenstäubling
Macrolepiota procera - Parasolpilz
Marasmius oreades - Nelkenschwindling
Morchella elata - Spitzmorchel
Morchella esculenta - Speisemorchel
Pleurotus ostreatus - Austernseitling
Psathyrella candolleana - Behangener Faserling
Rhodocollybia butyracea - Butterrübling
Russula cyanoxantha - Frauentäubling
Russula vesca - Speisetäubling
Russula virescens - Grüngefelderter Täubling
Sparassis crispa - Krause Glucke
Strobilurus esculentus - Fichtenzapfenrübling
Suillus grevillei - Goldröhrling
Tuber aestivum - Sommertrüffel
Tuber mesentericum - Schwarzer Herbsttrüffel
Xerocomellus chrysenteron - Gemeiner Rotfußröhrling
Xerocomus subtomentosus - Ziegenlippe